Navigation Bar: LCD | Association sportive

Association sportive


Horaire Journées européennes News 2011/2012 Records Challenge
meilleur sportif
Challenge
meilleure classe sportive

 

News 2011/2012

25 mai

 

Flashmob!

25 Mai 15:45
Flashmob op der Place d’Armes

Mir, Schüler aus der III Sportoptioun aus dem LCD, organiséieren eisen FLASHMOB (click link for youtube video) den 25. Mee 2012 um 15.45 op der Place d'Armes. Mir wäerten eisen FLASHMOB mat enger fir Ierch onbekannter, mee hoffentlech gelongener Intro starten. No der Intro gin mir iwer an eis Choreographie an soubaal 8-10 vun eisen Leit mat der Choreo ugefaangen hun, reit dir ierch an an maacht mat. No engem Tuutsignal léist sech daat Ganzt op.

Mir hoffen, dass dir eis den 25. Mee 2012 mat vill Freet, Motivatioun ënnerstëtzen wäert.

Motivéierten Leit brengen mir d Choreographie all Méinden an der Mëttesstonn an der Sportshaal vum Aale Gebai bei.

Villmools Merci am viraus,
Sportsoptioun LCD

 


11 au 13 mai 2012

 

Journées européennes à Neerpelt

LCD

La 47ème édition des Journées européennes vient d’avoir lieu du 11 au 13 mai à Neerpelt en Belgique.
123 élèves du LCD, accompagnés de 25 professeurs, ont passé un weekend plein d’activités sportives, scientifiques et culturelles, et ont remporté 5 trophées : athlétisme, tennis de table, basketball (garçons et filles) et handball filles.
Ces rencontres ont été organisées d’une manière impeccable, le soleil était au rendez-vous, nos élèves se sont comportés de manière exemplaire, et ont ainsi démontré une fois de plus que l’idée européenne fonctionne !

4 mai 2012

 

Journée plein air

Journée "Plein air" de la 4e7

 

 



 

LCD

3 mai 2012

Badminton

Championnats Minimes non-affilié(e)s en Badminton(1998-1999)

03. Mai 2012 -
Den 3. Mee huet den LCD mat zwee Schüler um Badminton Championnat am Lycée Athenée de Luxembourg deelgehuel. Eis zwee Jongen hun ganz motiveiert gespillt an konnten e puer Matcher fir sech entscheeden. Trotz der ganz staarker Konkurrenz, hun Jongen nie opgin an haten sie vill Spaß um Spill.
Mat dobai waren: Dany Martins Fraga an den Frédéric Tavares Mendes.


Coach: Jan Mikeska

 


LCD

26 avril 2012

Natation

Championnat Volleyball minimes 3 c. 3

Den 26. Abrëll 2012 hunn d'Jill Delmarque, d'Dominique Hennen an den Daniel Montanaro d'Faarwen vum LCD op der LASEL-Schwammkompetitioun am LTML fir net-lizenséiert Schwëmmer vertrueden, an dat hunn sie an hierer Alterskategorie och exzellent an mat vill Erfolleg gemaach.

Jill Delmarque: 2. Plaatz am 50m Réck
Dominique Hennen: 2. Plaatz am 50m Brasse an 2. Plaatz am 50m Kraul
Daniel Montanaro: 1. Plaatz am 50m Kraul

Groussen Bravo an Merci un iech 3.

Coach: Hoffmann C.

 

 



 

LCD

26 avril 2012

Volleyball

Championnat Volleyball minimes 3 c. 3

Den 26. Abrëll huet den LCD mat zwou Equipe um Volleyballschampionnat
zu Diekrech deelgeholl. Mat vill Asaatz hun eis LCD-Schüler déi 9 Matcher gespillt, an konnten schlussendlech eng 5 an eng 8 Plaaz vir sech ausmaan.

Et sin ugetrueden fir den LCD:
Equipe A: Carvalho Do Rio Joé, De Paiva Mota Marcelo, Martins Fraga Dany an Tavares Mendes Frédéric
Equipe B: Berrend Odin, Leyder Misch, Neven Tim an Vaz Da Cruz Cédric

Coachs: Glesener D./Reiles F.

 

 



 

LCD

du 24 au 31 mars

 

Stage de ski à Deux Alpes

LCD

29 mars 2012

Tennis de table

Championnat LASEL non affiliés

En Donneschdech virun der Ouschtervakanz hun 14 nët affiliert Schüler um Dëschtennischampionnat déelgeholl.

Enner 66 Spiller huet de Jos Wagner vun der 6è7 an enger spannenden Final de Match fir sech entschéed an ass Champion bei de Minimes ginn.

Och de Pit Leyder huet eng gut 9 Plaz erausgespillt. an senger Kategorie waren 50 Schüler ageschriwen.

Des weideren hunn gut gekämpft:
Reis Goncalves Claudio
De Borger Scott
Berrend Odin
Steffen Sacha
Maus Kevin
Mick Arnaud
Zeh Liam
Ersfeld Jean-Paul
Ferreira Joël
Becker Maxim
Crnovrsanim Timur
Lecomte Lucas



 

LCD

23 mars 2012

Football

 

D'Equipe Fussball bei den Jongen (1998-1999) huet et bis an d'Finalen am LGL gepackt!

An der 1. Ronn am Lycée du Nord zu Woltz huet eis Equipe sech géint den LNW, NOSL an LNR duerchgesaat.

An de Finalen huet den LCD géint LGL 6 - 4 gewonn a géint den Sportslycée 0 - 2 verluer. Leider huet een klengen Goal gefehlt fir an 1/2 Final ze kommen.
Gratulatioun un d'Equipe fir deen ganz schéinen Tournoi. Weider sou....

Equipe:

Leyder Misch
Walch Lex
Hermes Tom
Carvalho Do Rio Joé
Martins Fraga Dany
Tavares Mendes Frédéric
Campos Ribeiro Dylan

Coach: Diederich C.

 

 



 

LCD

8 mars 2012

Hockey

Tournoi de Unihockey mixte 1996-1999

Den 8. März huet den LCD mat enger staarker Équipe um Unihockeytournoi am Lycée Josy Barthel ze Mamer deelgehuel.


Eis fënnef Jongen hunn ganz motivéiert an hirer Poule all Matcher héisch gewonn, sou dat sie sech fir d'Spiller em déi éischt dräi Plaatzen qualifizéiert hunn. Um ganzen Tournoi hunn sie gewisen, dat sie eng vun den technesch an athletesch stärkste Mannschafte gezielt hun. An de Finalen hunn sie den éischten Match héisch mat 8-0 gewonn, konnten awer de leschte Match em déi éischt Plaatz géint eng gutt Verteidegung mat 4-2 leider net fir sech entscheeden. Domat hunn eis Jongen eng super gutt 2. Plaatz beluegt. Bravo!

Coach: Jan Mikeska



 

LCD

1er mars 2012

Tennis de table

Championnat LASEL SEN Open mixte 6 contre 6

Den 1. März huet den LCD mat 6 klasséiert Spiller um Dëschtennischampionnat ABC déelgeholl.

Bei de Méedercher huet d' Martine Kass den Championstitel an der C Kategorie erausgespillt.

 



 

LCD

1er mars 2012

Volleyball

Championnat LASEL SEN Open mixte 6 contre 6

Den 1. März huet den LCD mat enger Equipe um Volleyballchampionnat „6
géint 6“ am Athénée deelgeholl. Eis Equipe haat sech an hirer Poule eng
super 2te Plaatz erkämpft, a wor dun qualifizéiert fir d'Finalen. Nodeems
eis Spiller dun den éischten Match ganz knapp verluer haaten (12-14), hu si di zweet Partie mat vollem Asatz a genialem Volleyball kloer fir sech konnten entscheeden. Schlussendlech konnt eis LCD-Equipe mat enger gudder 5ter Plaatz heemfueren.
Tiptop esou!! Bravo!!!!

Spiller: Pierre Ney, Eric Colombera, Manou Flammang, Nick Hirt, Jennifer
Petiteville, Joy Van De Berg an Catherine Lipperts

Coachs: F.Reiles/D.Glesener

 



 

LCD

16 février 2012

Natation

Championnat LASEL

Den 16. Februar 2012 huet den LCD mat engem Team um Schwamm-Championnat vun der LASEL deelgeholl. Ervir ze hiewen sinn d'Championstitelen vum Trausch Anna an dem Moris Cédric.
Dobäi waren: Hamen Saieg Maë, Hennen Dominique, Huss Ken, Kohl Tessy, Mendes Silva Nunes Tiago, Moris Cédric, Oke Khalid, Schaillie Thibaut an Trausch Anna.

Coach: Hoffmann C.

 



 

LCD

15 février 2012

Volleyball

Tournoi volleyball pour enseignants

Le 15 février, 15 équipes de lycées différents se sont rencontrées au Nouveau Bâtiment pour le traditionnel tournoi de volleyball. Félicitations au LTJBM pour leur victoire! L'équipe du LCD, avec les joueurs Jan Mikeska, Marcel Kramer, Claude Diederich, Claude Hansen, Alain Thoss, Françoise Reiles, Dori Glesener, supportés par Anne Ludivig Carlo Knell aet Anne-Marie Faber, termine à une excellente 9ème place!

 



 

LCD

26 janvier 2012

Handball

Championnat LASEL non affiliés

Den 26 Januar huet eng Equipe aus dem LCD um Championnat vum Handball fir non-affiliés deel geholl an eng 7. Platz gemach.

Joueurs: Pereira Almeida Dany, Van Maris Luca, Venancio Da Silva Bruno, Colling Jean, Pilici Albert, Garcia Estima Jérémi, Befort Marc, Alves Da Cruz Nelson,

Coach: Ludivig A.

 

LCD

26 janvier 2012

Volleyball

Championnat LASEL Cadets (96-99) non affiliés - 2 contre 2

Den 26. Januar hun 2 Jongenéquipen aus dem LCD um Volleyballchampionnat vun der Lasel deelgehuel.
Déi 6 Jongen hun mat ganzem Asaatz hir Bescht gin, an konnten schlussendlech eng 3. an eng 7. Plaaz fir sech ausmaan.
Bravo Jungs, gud gespillt!

Joueurs:
Equipe A: Henriques Reis Emanuel, Kurtisi Veli an Tavares Mendes Frédéric
Equipe B: De Borger Scott, Martins Fraga Dany an Leyder Pit


Coach : Glesener D./Reiles F.

 

LCD

janvier 2012

 

Documents pour les classes de IIème et Ière


dernière mise à jour: 28/1/2012

 

 

12 décembre 2011

Dance

Dance Session 2011

Den 12. Dezember 2011 as den LCD mat 55 Meedercher an d'Ecole de Commerce et de Gestion gefuer fir een Nometten duerchzedanzen. Um Programm gouf et Hip-Hop an Zumba. Eis Meedercher hun sech
gudd ugestrengt an haaten vill Spaß beim Danzen. Trotz dem villen Zoulaaf aus dem ganzen Land huet jidereen an der Haal seng Plaatz gehaat fir sech mat Begeeschterung an op flott Musek ze bewegen.

Coach: Dori Glesener, Jan Mikeska

 

 

LCD

8 décembre 2011

Tennis de table

Championnat LASEL catégorie D

 

Equipe LCD:

Spautz Kim, Daubefeld Linda, Wilmes Michel, Ley Sven, Nerden Claude, Schmitz Henri, Baulisch Angel

Coach: Faber Anne-Marie

 

LCD

10 novembre 2011

Tennis de table

Qualification ISF
En Donneschdech, den 10.11 war eis Dëschtennismanschaft ob Mamer fir d'ISF Selectioun ze spillen. 
 Si hunn just missen d'Iwerléenhéet vum Sportslycée unerkennen an hunn sech ob déi excellent 2. Plaz placéiert!

 


Equipe LCD:

Paul Thillen, Yannick Zuidberg, Pol Hoffmann, Henri Liu

 

 

LCD

27 octobre 2011

Badminton

Qualification ISF


Den 27. Oktober 2011 huet den LCD mat enger Jongen-Equippe un der ISF-Qualifikatioun vun der LASEL am Badminton deelgeholl. Trotz schwéieren an däitlech iwwerleeënen Géigner hunn eis Jongen den Kapp net hänken gelooss an hunn sech nach op déi 5. vun 7 Platzen gespillt. E groussen Bravo un iech an Merci fir d'Matmaachen.

Dobäi waren: Leyder Pit, Trausch Daniel, Oke Khalid an Martins Fraga Dany.

Coach: Hoffmann C.

 

LCD

20 octobre 2011

Athlétisme

Axxess cross

Den LCD ass mat gudde Lëschtungen vum LASELcross am Bambësch rëmkomm.


Sou huet de Max Berg vun der 4è 6 bei de Juniors/Seniors eng 2 Plaz gemach.
Bei de Cadettes huet d'Viviane Hoffman vun der 5è1 d'Selwermedaille gewonne

Coach: Thoss A.

 

LCD

LCD

 

 


Cliquez ici pour afficher les news de l'année 2010/2011
Cliquez ici pour afficher les news de l'année 2009/2010
Cliquez ici pour afficher les news de l'année 2008/2009
Cliquez ici pour afficher les news de l'année 2007/2008
Cliquez ici pour afficher les news de l'année 2006/2007
Cliquez ici pour afficher les news de l'année 2005/2006
Cliquez ici pour afficher les news de l'année 2004/2005
Cliquez ici pour regarder les photos des années 2000-2004

 

 

Dernière modification: 16.05.2012