Säit dem 23. Abrëll 2018 ass am Ale Gebai op Eegeninitiative vun e puer Schüler een Éischt Hëllef Grupp aktiv. Seng Membere leeschten am Noutfall Éischt Hëllef, verdeele Plooschteren, leeë Verbänn un, berouegen.

De Moment besteet dëse Grupp aus folgenden 8 Memberen: Bauer Marine, Fretz Max, Mersch Mina, Minette Felix, Neissen Claude, Schroeder Daniel, Schroeder Max a Weber Laura

Pro Dag assuréiere Schüler vun hinnen de Fonctionnement vun dësem Grupp. Dës Schüler si wärend hire Schoulstonnen am Bereetschaftsdéngscht an domat ëmmer asazbereet. Si sinn op hiren Bereetschaftsdeeg mat engem internen Telefon ausgestatt, den et erlaabt, sinn am Noutfall ze „piipsen“, also ze alarméieren. Och am Déngscht bleiwen d’Schüler an hire Klassen a ginn nëmmen da vun hirer Schoulflicht entbonnen, wann Hëllef gebraucht gëtt.

Wann een Noutfall antrëtt, ass et wichteg, dass direkt adequat gehollef gëtt – an dësem Fall bis d’Ambulanz do ass. Och wann et haaptsächlech éischter kleng Boboe sinn, déi ze versuerge sinn, sinn eis Schüler aus dësem Team an der Lag, deene Betraffenen a Verletzten ze hëllefen. Dofir weisen si mindestens een Éischt Hëllef Cours fir – besser nach hunn si hier Formatioun als Secouriste-Ambulancier hannert sech. Selwer rezeptfräi Medikamenter dierfen eis Schüler net verabreechen, sou beschränken sech hier Hëllefsmoossnamen op d’Éischt Hëllef. Obwuel si fräiwëlleg an éierenamtlech hëllefen, ënnerstinn d’Éischthelfer der Schweigeflicht.