Navigation Bar: LCD | Projets | MOSAIK
mosaik

MOSAIK - KLASS


D’Mosaik-Klass...
  • ass eng Opfaangstruktur fir déi Schüler, bei deenen d'pädagogesch Moosnamen, déi vum Reglement virgesi sinn, näischt bruecht hunn.

  • stellt eng Rumm duer, wou de Schüler iwwert seng Haltung vis-à-vis vun der Aarbecht an der Disziplin nodenke léiert an ënnerstëtzt déi perséinlech Entwécklung vum Schüler mat engem Schoulprogramm a Stonneplang, déi him ugepasst sinn.

  • huet als Zil, de Schüler op sengem schoulesche Wee ze halen, fir dat hien nees a seng Stammklass zeréck goe kann.
D’Mosaik-Klass ass fir dee Schüler geduecht, dee ...
  • regelméisseg a graff géint de Code de Vie verstéisst.

  • blo mécht an ouni valabel Excuse ze spéit kënnt.

  • refuséiert an der Klasse matzeschaffen.

  • seng Schoulsaachen net dobäi huet a ni seng Hausaufgabe mécht.

  • kee Respekt huet virun den Enseignanten an dem Personal vum Lycée, viru senge Matschüler a virum Material vun der Schoul.

D’Mosaik-Prozedur:
  • E Régent adresséiert sech un e Member vum Mosaikteam mat der Demande fir e Schüler kënnen un d'Mosaik-Klass ofzegin. 
     
  • An enger Réunioun mat sämtlechen Titulairë vun der Stammklass gett en Diagnostik vum Schüler opgestallt.
     
  • D'Direktioun an den Mosaikteam décidéieren ob de Schüler an d'Mosaik-Klass opgeholl gëtt a wéi hien individuell gefuerdert ka ginn.
     
  • De Schüler bleift e puer (+/- 6) Wochen an der Mosaik-Klass. Während sengem Openthalt an der Mosaik-Klass gëtt de Régent vun der Stammklass au courant gehal. Nodeems e kloere Progrès festgestallt gouf, kann de Schüler an seng Stammklass zeréckkommen.
     
Den Mosaik-Team 2011/2012:
  • Enseignants:
    • Monique MOUSEL (coordinatrice)
    • Kathrin KENTNER
    • Claude HANSEN
    • Jean-Roland LAMY-AU-ROUSSEAU
    • Tom SCHEER
    • Laurent SCHOCK
  • Educatrice graduée:
    • Viviane EVEN
  • Assistante sociale:
    • Carole HILBERT

Flyer 2010/2011:

 

Dernière modification: 29.02.2012