![]() |
Peer Mediatioun: |
| Clip iwwert Peer-Mediatioun
|
| Clickt hei fir ee video-clip iwwert d'Peer-Mediatioun ze gesinn (Quicktime 7-format, 18 MB) |
| Informatioun
|
| Wat? |
| Schüler hëllefe Schüler Mëcht een dech rosen? Hues de Problemer mat engem aneren? Hud der Sträit? Gëss de gemobbt? Mir kënnten der vläicht hëllefe fir kloer ze gesinn an eng Léisung ze fannen. |
| Ween? |
| "Mir" sin d'Peer-Mediatiouns-Equipe,
a mir versichen iech bei äre Problemer mat denen aneren ze hëllefen. Ausserdeem ka jiddereen deen Interesse huet eng Streitschlichter-Ausbildung man. Meld eech duerfir am Spos . |
| Wou? |
| Am Mediatiounssall: aalt Sekretariat hannert dem Portier senger Loge. |
| Wéini? |
| Gitt eng Propose iwwer E-mail : peermediation@lcd.lu ran. (Mëttesstonn, Paus, no der Schoul,...) |
| Wéi? |
| Fir mat eis Kontakt ze kréien, * entweder perséinlech oder iwwer E-mail: peermediation@lcd.lu * iwwer de Spos deen eis da kontaktéiert |
| Wichteg! |
| Alles wat an deene Gespréicher
gesot gëtt, bleift strikt ënnert deene véier Persounen: déi zwee déi Sträit madeneen hun an déi zwee Mediateuren (och den Direkter oder e Professer krit dat net gezielt.) |
All Ufro gett vertraulech behandelt |
| Kontakt
|
All Schüler/in kann ee vun de Mediateuren entweder perséinlech kontaktéiren oder eng E-mail op d'Adress peermediation@lcd.lu schécke wann hien eng Fro huet am Zesummenhang mat Gewalt, Mobbing, Ausgrenzung,... Dobäi kann ee selwer betraff sinn oder e Kolleg/eng Kollegin hunn déi betraff ass. Et ass och méiglech d'Mediateuren iwwert de SPOS ze kontaktéiren oder mat engem vum Spos ze schwätzen. Et ass selbstverständlech datt all Ufro vertraulech behandelt get. |
Duerfir COURAGE! Mellt eech roueg! |
| Lëscht vun de Mediateuren am LCD 2007/08
|
|