|
De Sproocheportfolio soll de Schüler d’Léiere vun de Sprooche méi bewosst maachen, a si selwer an dat Léiere mat abezéien.
Am Ufank ass de Portfolio op Lëtzebuergesch, duerno geet e lues a lues an d’Sproochen déi geléiert ginn iwwer.
An engem éischten allgemengen Deel, d’Sproochebiographie, ginn all déi Sproochen déi geléiert ginn, inklusiv d’Mammesprooch an aner Sproochen déi ee gebraucht, no deene véier Kompetenzen analyséiert.
Den Haaptdeel vum PF ass den Dossier deen de Schüler mécht mat senge Produktiounen, wou en e Kommentar mécht, firwat dass e just dëst Dokument an de PF geluecht huet. Bei den Dossier gehéiert e Référentiel des compétences, mat den Ziler déi een an där Sprooch bis un d’Enn vum Joer soll erreecht hunn an en Index, wou déi verschidden Dokumenter esou séier wéi se an de PF geluecht ginn opgeschriwwe ginn.
De PF verlaangt vill Disziplin, an heiansdo eng Schoulstonn wou e regelméisseg gemaach gëtt. Et ass och net de fäerdegen Dossier dee wichteg ass, ma d’Iwwerleeë vum Schüler.
Dës Fiche fir e Sproocheportfolio fir VIIe/7e a VIe/8e goufen am Dikrecher Kolléisch ausgeschafft (an enger Equipe mat UNILU zesummen). Dir kënnt se eroflueden, verbesseren, un är Klass adaptéieren…
Wann Der Propositiounen ze maachen hutt, da schreift un eng vun den dräi Emailsadressen : Gaby Schiltz vronif@yahoo.com Maggy Dockendorf
|
|
Meng Sproochebiographie
VIIe ES / 7 ST
VIe ES / 8e
|