Navigation Bar: LCD | SPOS | REELCD

REELCD: Rencontre Elèves-Etudiants


Léiw Ancienne, léiwen Ancien,

Äis « Rencontre Elèves - Etudiants REELCD » as schon zënter Joren eng Traditioun, déi mir och 2011 firu féiere wëllen. Mir hun d’Erfarung gemaach, dass dësen Austausch tëschent eise Schüler fun der IIIe, IIe a Ire op der enger Säit, a fréiere Schüler an heitige Studenten op enger Uni oder enger Héichschoul, op der aner Säit, eng ganz nëtzlech Saach as. Eis Schüler kruten a kréien hei ëmmer ërem wichteg Informatiounen iwwer Aschreiwen, Logis, Finanzéierung, Examen, Amicalen, asw Informatiounen vum Terrain an aus éischter Hand: dës Erklärungen erliichteren hinnen den Antrëtt an de Studium wesentlech.

Wéi schons dat lescht Joer, organiséiere mir déi Rencontre och dëst Joer rëm am Laf vum zweeten Trimester, zu engem Zäitpunkt, wou eis Schüler scho méi konkret Virstellungen a Froen iwwer de Studium hun.

Mir hun den Datum fir d’Rencontre op den

Samsdeg, 19. Mäerz 2011

festgeluecht,

Ufank 10 Auer. De Rendez-vous as an der neier Konferenz vum Ale Gebei, Avenue de la Gare (Begréissung duerch den Här Direkter).
Déi verschidde Manifestatiounen oder Ateliers’en lafen an de Säll vum ale Gebei of. Dëst Joer invitéieren mer ebenfalls eng Rei vun Leit, dei eng « information professionnelle » ubidden.

Fir déi Rencontre optimal kënne firzebereeden, wire mir frou, wann Dir äis kéint déi néideg Informatiounen iwwer Iech an ärt Studium matdeelen an soen op der eventuell berëet wiert fir bei eiser Manifestatioun matzemaachen. Mir wiere frou wann der äis esou séier wi méiglech den Questionnaire gengt ausfëllen. Mir hun och wëlles, no der Rencontre ee Patt ze offeréieren an eis bei engem gudde Mauffel nach e bëssen mei ze ënnerhalen.

Sot äis dann och w.e.g.. op dir duerno nach Zäit a Loscht hutt, fir d’Mëttegiessen ze bleiwen. Merci!

Adress: SPOS LCD Tél. 26 807-210
  c/o Jean-Claude Krack Fax: 80 95 84
  32, Avenue de la Gare jean-claude.krack@education.lu
  L-9233 Diekirch  

 

 

 

Dernière modification: 15.06.2011