Den 3. Dezember 2021 stoung eisen traditionelle Proffevolleyball Tournoi am LCD um Programm; 18 Ekippe waren ageschriwwen an hunn mat vollem Asaz a Freed an 3 verschiddene Poulen em d’Victoire gespillt. Um Enn war et den LNW, den sech an der Finalronn géint den LTETT an den MLG duerchsetzen an als Gewënner vun der Editioun 2021/2022 op der Baakrull veréiwege konnt.

Den LCD war wéi gewinnt och mat enger Proffen-Ekipp vertrueden a konnt um Enn eng gutt 7te Platz beleeën. Net nëmmen um Terrain war d’Stëmmung gutt, mee och an eiser X-mas-Buvette konnten d’Proffen zesumme bei engem Pättchen oder engem Stéck Kuch den Owend ausklénge loossen. Fir déi Léit déi en bësse méi hongreg waren, huet de Food Truck Amore al dente Piadinaen an Nuddelen ugebueden! Allgemeng ass den Owend vill gelaacht ginn an di Meescht konnte fir en puer Stonnen ee Stéck Normalitéit genéissen.

E MERCI geet och nach un eis 3e Optiounsschüler déi ons deen Owend ënnert d’Äerm gegraff hunn.

Mir freeën eis op dee nächste Proffevolleyball zu Dikkrech…

D’Sportsdepartement vum LCD