Am Kader vum Weltbicherdag, hunn d’Schüler/inne vun der 7G03 an der 6C05 mat den Enseignante Catherine Lipperts a Phillippa Probyn souwéi mat der Schrëftstellerin Charlotte Reuter e Poetry Bombing organiséiert. Si hunn eng Rei Gedichter a Spréch op ville Sproochen opgehaang, op Fënsteren a Spigele gemoolt an dobäi den Hall vum Neie Gebai mat Gedichter verschéinert.