D‘Sophie Arendt, d’Marie Kinnen an d’Julie Weber vun der 5C04 hu mam Verkaf vu Seefe, Käerzen a Schosselen am Kader vun hirem TSM-Projet d´lëscht Schouljoer 700€ verdéngt, déi si un En Häerz vir kriibskrank Kanner gespent hunn.

D’Scheckiwwerreechung hutt den 8. Oktober 2025 a Präsenz vum LCD-Direkter Marcel Kramer a vun den Dammen Michaela Mayer a Lara Chichernea vun En Häerz vir kriibskrank Kanner stattfonnt.