Eng 20 Schüler vu verschiddene Klassen an Ancien’en hu sonndes, den 12. Oktober un der Visite vum 1535° Creative Hub zu Déifferdeng deelgeholl. Dës Visite huet am Kader vum Projet d’établissement LCD Experience  stattfonnt.

Um Creative Day konnten si verschidden Atelieren aStudioe vu Kreativen, Kënschtler, Designer, Museker, Medieleit an ochHandwierker entdecken a se perséinlech kenneléieren. Si haten d’Chance, un Atelieren a Workshops deelzehuelen, hannert d’Kulissen ze kucken oder einfach e flotten Dag mat Live-Musek, DJ-Sets a Food Village ze genéissen.

Begleet goufen si vun den Enseignante Jean-ClaudeJung, Phillippa Probyn a Paul Schwebach.