Den 20. Oktober 2025 haten d’Schüler/inne vun der 6G01 een Austausch mam Här Marc Bressler, Psycholog am Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht (ZEV). Den Här Bressler hutt eng Präsentatioun zum Thema „Mediesucht“ gehalen, fir eis Schüler/innen iwwert dëse Sujet ze sensibiliséieren an hinne präventiv Outile mat op de Wee ze ginn. Zum Schluss, kruten d’Nolauschter/innen och d’Méiglechkeet dem Invité hir Froen ze stellen.