Jo, et ass wierklech geschitt! Am Kader vum DIMAS-Cours gouf kierzlech en richtege Seegelfliger an eisem Préau opgeriicht!

Den Instruktor Arny Weber huet fir d’éischt en theoretesche Cours iwwert d’Seegelfléie gehalen, ier hien seng Maschinn live am LCD demonstréiert huet – e spektakuläre Moment fir eis Schüler*innen!