Den 28. Januar 2026 sinn am Kinossall zwee Projete virgestallt ginn, déi d’2CE06 ënnert der Leedung vum Paul Schwebach realiséiert huet.
Fir d’Dikricher Wäifrënn ass en neie Logo entwéckelt ginn, deen de Club an Zukunft visuell representéiere soll. Den éischte Präis krut d’Maïté Brucher. Op déi zweet Plaz koumen d’Julie Wagner an d’Emma Scholtes mat hire Proposen.D’Präisser goufe vum Här Konnen, President vun den Dikricher Wäifrënn,iwwerreecht. Déi nei Logo’en an déi nei Visuelle wäerten an Zukunft bei PR- a Marketingaktioune vum Veräin agesat ginn.
Och d’Affiche fir de Landjugenddag 2026 zu Dikrich gouf presentéiert. Gewënner vum éischte Präis ass d’Lea Cresson, dat dofir eng Enveloppe vun der Sophie Diderrich, Presidentin vun der Landjugend Dikrich, iwwerreecht krut.