D’Schüler vun der 3CE05 an der 2CE06 hunn am Ale Gebai un engem Workshop mam AlainWelter deelgeholl. Den Alain Welter ass e lëtzebuergescheStreet-Art-Kënschtler, deen sech national (« De Moler vu Koler ») aninternational en Numm gemaach huet.
Den Artist huet de Schüler an enger éischter Etapp eng Rei vu senge Realisatioune gewisen, déi hien a verschiddene Länner ronderëm de Globus ëmgesat huet. Hien huet och säi Werdegang erkläert — vum Schüler op derE-Sektioun bis zum fräischaffende Kënschtler. D’Schüler kruten dobäi en Abléckan d’Aarbecht vum Artist, dee reegelméisseg Wandmolereie vun e puer honnert Quadratmeter realiséiert.