De 5. Februar 2026 no der Schoul huet eng Grupp vu 15 Schüler*innen un enger gemittlecher Aktivitéit deelgeholl. Nom Motto „Mat Nutella oder ouni Nutella, maach dir ee leckere Snack!“ goufen zesumme lecker Panescher gemaach. D’Schüler*innen hate vill Freed dobäi a konnten hire Snack genéissen. Nom Kachen an Iessen am Jugendtreff huet och d’Spullen an d’Raumen dozougehéiert. Als Ofschloss vum Nomëtteg gouf nach eng Partie zesumme gespillt.