Den 19. Mäerz 2026 hunn de Raul Kisch (2CC02), den Alex Ihry (2CC02) an de Leo Terres (2CLC02) zesumme mat hiren Enseignantë Claude Hansen a Xavier Hever um BNE Networking am Forum Geesseknäppchen deelgeholl.
Am Kader vun dëser Manifestatioun haten d’Schüler d’Éier, dem Grand public de Projet „Schoulbeien“ virzestellen, deen zanter 2007en integrale Bestanddeel vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung an eisem Lycée duerstellt.