Am Kader vum LCD Experience haten 10 motivéiert Schüler aus verschiddene Klassestufen aus dem Neie Gebai d’Chance, un engem Workshop mam international bekannte Street-Art-Kënschtler Alain Welter deelzehuelen.
Zwee Wandbiller goufe bannen an dobausse beim neie Jugendtreff «Den Treff» gemoolt. Nodeems d’Schüler d’’Fläche mat Faarwen a Pinsel virgemoolt haten, huet den Alain Welter d’Detailer an d’Contoure mat der Spraydous nogezunn.