Fir de Jugendtreff, och Treff genannt, nach méi uspriechend ze gestalten, hunn e puer engagéiert Schülerinnen, déi de Jugendtreff reegelméisseg besichen, e flott Schëld hiergestallt. Dëst gëtt wärend der Summervakanz am Jugendtreff am Neie Gebai opgehaangen.
Fir zu dësem flotte Resultat ze kommen, hunn si verschidde Schrëtt misse meeschteren. Vum Neel aklappen iwwer Kniet maachen a Seeler spannen huet all Etapp Geschéck, Gedold an eng gutt Zesummenaarbecht verlaangt. D’Meedercher hunn sech géigesäiteg ënnerstëtzt an als Team geschafft, fir déi eenzel Aufgaben erfollegräich ze bewältegen.
D’Resultat kann sech weise loossen. D’Meedercher kënne mat Recht houfreg op hir Aarbecht sinn!