Bei guddem Wieder a beschter Laun konnten eis Schüler/innen d’Schouljoer den 8. Juli 2026  gemittlech ausklénge loossen.

Wärend d’Schüler/inne vun 7e a 6e Moies um Alternative Schouldag gebastelt, musizéiert a Gesellschaftsspiller gespillt hunn, stoung fir d’Schüler/innen vu 5e bis 2e d’Sportfest um Programm.

Duerno konnten d’Schüler/innen zesumme mat hiren Elteren a sämtleche Membere vun der Schoulgemeinschaft  den Dag um Summerfest bei Musek, Iessen a Gedrénks ofschléissen.

E grousse Merci u Jiddereen deen zum Succès vun dësem flotten Dag bäigedroen hutt.