Bei eiser Panescher-Party am Jugendtreff stoung de gemeinsame Moment am Mëttelpunkt. Zesumme gouf den Deeg preparéiert, an an enger flotter a geselleger Ronn goufen d’Panescher frësch gebak an zesumme genoss.
Nieft dem kulinaresche Genoss war et virun allem eng flott Geleeënheet, fir Zäit zesummen ze verbréngen, ze laachen an d’Gemeinschaft am Jugendtreff ze stäerken. Zum Schluss gouf natierlech och nach zesumme fir Uerdnung gesuergt.
E gelongene Nomëtteg mat vill Freed, Gemeinschaft a guddem Iessen.