Am Jugendtreff gouf et spannend Momenter beim Monopoly-Spillen! Mir hunn souwuel déi traditionell Versioun wéi och d’Versioun op der Nintendo Switch ausprobéiert. Dobäi gouf vill gelaacht, gehandelt, Sue verdéngt an Haiser kaaft. Et war eng flott Geleeënheet, fir zesummen Zäit ze verbréngen a sech a gudder Gesellschaft ze amuséieren.