Dës Kéier war Kreativitéit gefrot! Zesummen hu mir de Logo vum Jugendtreff op eng Holzplack gemoolt. Duerno goufen Neel mat engem Hummer ageschloen a mat faarweger Woll verbonnen. Schrëtt fir Schrëtt ass esou en eenzegaartegt Konschtwierk entstanen, dat net nëmmen eis Kreativitéit, mee och eisen Teamgeescht zum Ausdrock bréngt.