Den 8. Oktober huet de 6e TSM-Grupp (Talents, Skills and more) en Ausfluch op Klierf gemaach, fir déi weltbekannt Fotoausstellung „The Family of Man“ am Schlass ze entdecken.
Dës Ausstellung, déi vum lëtzebuergesche Fotograf Edward Steichen zesummegestallt gouf, weist mat beandrockende Fotoen aus der ganzer Welt, wat d’Mënschen iwwer all Grenzen a Kulturen ewech verbënnt.
Bei enger flotter an dynamescher Visitt huet e Guide de Schülerinnen a Schüler d’Geschichten hannert de Fotoen op eng lieweg a motivéierend Aart a Weis méi no bruecht. Dobäi konnten si nei Andréck sammelen, Froe stellen an d’Fotografie aus engem anere Bléckwénkel entdecken