E Mëttwoch, den 21. Oktober 2026, gouf am LCD am Kader vum Projet Talents, Skills and More (TSM) e Scheck un d’Associatioun „Een Häerz fir kriibskrank Kanner“ iwwerreecht. A Präsenz vun eisem Direkter huet d’Madamm Wirtz d’Associatioun an hir Aarbecht virgestallt, mat där si kriibskrank Kanner, Jugendlecher an hir Familljen ënnerstëtzt an de Schülerinnen a Schüler hiren Engagement gelueft.