Den 22. Oktober 2026 hunn d’Jugendlecher aus dem neie Gebai am Kader vum Jugendtreff zesumme Kürbiszopp gekacht. Passend zur Joreszäit an zu de méi killen Temperature war dat déi perfekt Geleeënheet!

Mat vill Motivatioun a Freed hunn déi Jonk verschidde Kichen-Technique geléiert an zesumme geschafft. Um Enn goufe mir all mat enger leckerer, hausgemaachter Kürbiszopp belount. Eng gelongen Aktivitéit, déi net nëmme gutt geschmaacht huet, mee och vill Spaass gemaach huet!