Fir den Optakt vun der Semaine de la démocratie et de la citoyenneté kréien eis Schülerinnen a Schüler d’Méiglechkeet, aktiv un der Gestaltung vun eise Schoulreegele matzewierken!
Dëst Schouljoer gëtt eise Règlement d’ordre intérieur de discipline (ROI) iwwerschafft. An de Klasse ginn dofir Iddien a Virschléi gesammelt an diskutéiert – zu Theme wéi schoulesch an digital Verantwortung, soziaalt Verhalen an Nohaltegkeet.
Och hu verschidden Enseignanten Den DemokratieLabo mat hirer Klass besicht. Heibäi handelt et sech ëm eng interaktiv Ausstellung an 3 Sproochen, déi vum Zentrum fir politesch Bildung ausgeschafft gouf a sech mat Froe ronderëm Demokratie a Gesellschaft beschäftegt.
Den DemokratieLabo steet nach bis Mëtt Dezember 2026 am Hall vum Ale Gebai.