Am LCD kritt all Schülerin a Schüler d’Méiglechkeet, nieft dem normale Schoulprogramm, un enger grousser Auswiel u fakultativen Aktivitéiten deelzehuelen. Dës Aktivitéite bidden net nëmme Spaass a Léierméiglechkeeten, mee zielen och als Bonusstonnen.
Jidderee Schüler muss am Laf vum Schouljoer op manst 12 Bonusstonnen sammelen. Dës Stonne kënnen duerch verschidden Atelieren, Aktivitéiten oder och de Cours d'Appui erreecht ginn, déi de Lycée an der Mëttesstonn oder no der Schoul organiséiert.