Och dëst Joër organiséieren d’Association des Parents d’élèves vum LCD, d’Gemeng Dikrech an de Syndicat d’Initiative et de Tourisme Dikrech erëm ee Bichermaart am Ale Gebai vum LCD.

Däi Stand ass gratis. Mell dech un bis den 8. September 2019! Schreif eng Mail mat dengem Numm, Adress an Handysnummer un: parents.dk@lcd.lu

Hei nach e puer Informatiounen a Rotschléi
– op dësem Bichermaart kanns du deng Schoulbicher, Lies-Bicher, Kannerbicher, Comics, CD (nëmmen Originaler), DVD (nëmmen Originaler), kleng Spillsaachen a Museksinstrumenter verkafen;
– wann’ s du mat denger Frëndin/dengem Kolleg wëlls op een Dësch kommen, da so eis dat w.e.g.
– du muss dech informéieren (www.lcd.lu) ob deng Schoulbicher nach um Programm stinn;
– du muss eng Keess hu mat Mënz fir unzefänken ;
– du muss deng Präis-Schëlter am Viraus fäerdeg hunn;
– deng Recette ass integral fir dech;
– deng Elteren sollen/kennen beim Op-Ofriichten hëllefen;
– du muss deng Plaz natierlech propper verloossen.
– fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.

Merci fir d’Matmaachen an eng schéi Vakanz!