Wanterstage

De LCD fiert all Joer an der Woch virun der Ouschtervakanz mat iwwert 100 Schi- a Snowboard begeeschterte SchülerInnen op Obertauern (Éisträich) an de Schnéi. Niewent Schi a Snowboard dierfen natierlech eng Visitt op Salzburg, een Nomëtten an der Schwämm zu Altenmarkt, Spillowenter, een Après-Ski an eng Minidisko net um Programm feelen.  

Journées européennes

Zanter méi wéi 50 Joer fannen d’Journées Européennes statt, wou 600 Schüler aus 5 verschiddene Lycéeën aus Lëtzebuerg, Frankräich, Däitschland, Holland an der Belsch sech fir sportlech Wettkämpf, wëssenschaftlech a kulturell Aktivitéiten treffen.

Sportsausfluch

De „Meilleurs Sportifs“ ermëttelt déi SchülerInnen, déi wärend dem ganze Schouljoer am meeschten an den LCD-Sportsektiounen an op LASEL-Manifestatiounen matgemaach hunn. Et ginn ëmmer Punkten, wann ee matmécht .   

Sou kriss du Punkten:

1 x Sportsektioun: 10 Punkten  

1 x LASEL -Participatioun: 50 Punkten  

 TOP 1-10 LASEL- Plaz: 10- 100 BONUS-Punkten  

Um Enn vum Joer steet da fir déi bescht SchülerInnen (Meilleurs Sportifs am LCD)  als Belounung e flotte Sportsausfluch vun 1-2 Deeg um Programm: vu Kajakfueren iwwert Klammpark, Wakeboarden, Haale-Schi a Surfe bis hin zu engem Dag Funpark war schonn alles dobäi.

Allez, WOU BLEIFS DU ? Komm, maach mat, an erlief um Enn vum Joer ee coole Sportsausfluch mam LCD!