WiFi fir Leit vum LCD
Wielt e Gebei, w.e.g:
Aalt Gebei zu Dikrech (AB)
Neit Gebei zu Dikrech (NB)
Am ale Gebei kënne Schüler, Enseignanten a Personal sech iwwert den "eduroam" Réseau mam Internet verbannen. Dëse Réseau ass am Ufank zwar e bësse komplizéiert anzeriten, huet dono awer eng ganz Rei Virdeeler, z.B. dass een domatt och automatesch eng Internet-Connectioun op verschiddene Schoulen an Universitéiten uechter d'Welt kritt.
Fir eduroam op ärem Gerät (Laptop, Tablet oder Handy) z'installéieren, verbannt dat betraffent Gerät w.e.g. fir d'éischt mat Hëllef vun engem anere Réseau mam Internet, a gitt dann op de Site
wou der kënnt den eduroam Installer eroflueden. Dat kënnt der entweder iwwert e Kabel maachen, iwwert äre private WiFi Réseau doheem, oder iwwer 4G wann äert Gerät eng SIM Kaart huet. Sollt der net eens ginn, sou kontaktéiert w.e.g. de Service Informatique!
Bei der eduroam Installatioun ass äre Benotzernumm iwregens ëmmer
IAM-Code@iam.education.lu
woubäi der äre perséinlechen IAM Code musst uginn (deen der och z.B. bei Restopolis oder fir de Fichier Elèves benotzt), an d'Passwuert ass ärt IAM Passwuert.
Am neie Gebei gëtt et am Moment kee WiFi Réseau fir Schüler. Enseignanten a Personal kënnen de Réseau "LCDNB" benotzen. D'Passwuert vun deem Réseau kann aus Sécherheetsgrënn natierlech net op dësem Website ugewise ginn. Kontaktéiert w.e.g. e Member vum Service Informatique fir et gewuer ze ginn.
WICHTEG:
Et ass onbedingt noutwenneg, dass der d'Passwuert vum LCDNB Réseau net un d'Schüler weidergitt!