Wat erwaart dech bei eis?
- Fräizäit, Spiller a flott Aktivitéiten
- Frënn treffen, nei Leit kenneléieren a Spaass hunn
- Matbestëmmen, Iddien abréngen an Neies ausprobéieren
- Gemeinsam Eventer, Turnéier a vill méi
- Eng oppe Plaz, wou jidderee wëllkomm ass!
Eis Aktivitéiten
Bei eis ass ëmmer eppes lass! Mir organiséieren reegelméisseg verschidden Aktivitéiten, bei deenen fir jidderee bestëmmt eppes dobäi ass.
Ob Spillerowender, Turnéier, kreativ Aktivitéiten oder speziell Eventer – mir probéieren ëmmer nees eppes Neies aus. Deng Iddien a Virschléi si bei eis ëmmer wëllkomm, well de Jugendtreff soll och vun dir matgestalt ginn!
Bleif um Lafenden!
Folleg eis op Instagram, fir näischt méi ze verpassen! Do poste mir reegelméisseg eis nächst Aktivitéiten, eisen aktuelle Programm an och Fotoen no den Aktivitéiten.
Sou kanns du dech iwwer alles informéieren an dech direkt fir déi Aktivitéiten umellen, déi dech interesséieren.
Kuck an eise Kalenner!
An eisem Kalenner fënns du eisen aktuelle Planning mat allen Aktivitéiten an Datumer. Nieft den Aktivitéite fënns du och e QR-Code, iwwer deen s du dech einfach a séier fir deng gewënschten Aktivitéite kanns umellen.
Komm laanscht, maach mat a gëff Deel vun eisem Jugendtreff! Mir freeën eis op dech!