AKTIVITÉITEN

Ab dem nächsten Joer wëllen mer gären am LCD zu Miersch een Makerspace maachen. Déi interesséiert Schüler huelen un 1 oder 2 vun deenen Aktivitéiten mëttes no der Schoul deel.

WAT ASS MAKERSPACE?

Makerspace ass e kreativen Atelier, wou mir Roboteren ( z.B. Lego Mindstorms an Otto DIY) zesumme bauen an duerno programméieren. Mir huelen och un der FIRST LEGO LEAGUE (https://www.first-lego-league.org/de/) deel, wou mir géint aner Schoulen zu Lëtzebuerg untrieden. All Schüler baut z.B. eng Wiederstatioun, wou Kontakter an Chipen op eng Platine geléit ginn. Duerno gëtt se programméiert fir datt d’Wiederdaten live op eng Website gestreamt ginn. Mam 3D-Drocker baue mir eis Baudeeler selwer.

First Lego League
Programméieren vun Lego Mindstorms Roboteren
Coding Arduino
3D Printer

Dozou e puer Filmer déis du dir kanns unkucken:

Video First Lego League

Video OTTO DIY

Video

 

WÉINI?

All méindes an dënsdes no der Schoul.

WOU?

Am Gebei zu Biereng.

Interesséiert? Intéressé?