De « Mérite Jeunesse » ass 1956 an England ënnert dem Numm « Duke of Edinburgh’s Award » an d’Liewen geruff ginn. De Konzept vum Mérite ass ganz einfach : déi Jonk sollen sech eegen Erausfuerderungen setzen an ëmmer rëm probéieren, sech selwer ze iwwertreffen.

Responsable: Geneviève Harles

All Jugendlechen tëschent 14 an 25 Joer kann un dësem Projet deelhuelen. De Jonken gëtt erméiglecht, sech selwer besser kennen ze léieren, sech weider z’entwéckelen an sech ze verwierklechen duerch nei Erfahrungen an Interessen. Des weideren gi si geléiert eegen Initiativ ze ergräifen, an engem Team ze schaffen, zouverlässeg ze sinn a sech fir aner Leit anzesetzen. Ganz konkret encouragéiert de « Mérite Jeunesse » déi Jonk, sech a verschiddenen Sekteuren ze engagéieren:

  • sech benevol fir e gudden Zweck asetzen
  • eegen Interessen an Talenter entwéckelen
  • sportlech aktiv sinn
  • un engem/e puer Weekend/er deelhuelen, wou et drëms geet Equipegeescht z’entwéckelen an eegestänneg eng Expeditioun ze plangen an duerchzeféiren

Zënter November 2009 hun sech em di 60 Schüler aus dem Lycée classique de Diekirch an des Aventure lancéiert. D’Erausfuerderungen sinn de Niveauen vun deene verschiddenen Participanten ugepasst. Et geet net drëms extrem gutt an all deenen Domainer ze sinn, mee villméi dorëms, sech eegen Zieler ze setzen an säi Bescht méiglech ze maachen, fir des Zieler ze erreechen. Um Enn vun all Zyklus kréien d’Schüler een Diplom (Bronze, Sëlwer oder Gold) deen hiere Kompetenzen an gesatenen Ziler entsprëscht.