Du wolls schonn ëmmer wësse wéi eng Planzen a Beem an den Häff vum LCD stinn?

Da ma dech op d’Sich no de QR-Coden, déi d’Schüler vun der Optioun BioLogesch un d’Planzen, d’Beem an d’Hecken an den Häff vum alen a vum nei Gebai gehong hunn. Scann d’Coden einfach mat der gratis App i-nigma, a scho kanns du déi botanesch Vilfalt vun de Schoulhäff vum LCD entdecken.