D’ “Rencontre Elèves – Etudiants (REELCD)” ass schonn zënter Joren eng Traditioun. Dësen Austausch tëschent eise Schüler vun der 4C, 3C, 2C et 1C op der enger Säit, a fréiere Schüler an heitege Studenten op enger Uni oder enger Héichschoul, op der aner Säit, eng ganz nëtzlech Saach ass.

Eis Schüler kréien hei ëmmer erëm wichteg Informatiounen iwwer Aschreiwen, Logis, Finanzéierung, Examen, Amicallen, asw. Dës Erklärungen erliichteren hinnen den Antrëtt an de Studium wesentlech.

D’REELCD fënnt am Laf vum zweeten Trimester statt, zu engem Zäitpunkt, wou eis Schüler scho méi konkret Virstellungen a Froen iwwer de Studium hunn.

Dëst Joer fënnt d’REELCD Samschdes, den 23. Mäerz 2024 vun 10.00 bis 12.00 Auer am Ale Gebai vum LCD statt.

Dir kennt Iech mat dësem QR Code umellen.