iPad@LCD: one2one / IT4T

  • Accueil en classe de 7e
  • Allgemeng Informatiounen fir den télé-apprentissage:

Link → Schoul doheem 2020

Link → CGIE

Link → LCD Télé-apprentissage PDF

 

  • IT4T-SharePoint – Zousätzlech zu den Links hei uewendriwwer kënnt dir iech op eisem IT4T SharePoint eng grouss Sammlung un Best-Practices, Tutorials an Tipps&Tricks ukucken, déi mir iwwert déi leschte Joren gesammelt hunn:

Link → LCD IT4T SharePoint

 

  • LCD HELP!desk (Teams) – Fir sech besser géigesäiteg hëllefen ze kënnen, kënnt dir eisen LCD HELP!desk (Microsoft Teams) notzen. Weider Erklärungen fannt dir innerhalb vun dësem ‘Teams’:

Link → LCD HELP!desk (Teams)

 

  • LCD LIGA-iPad (Teams) déi zentral Ulafstell fir all one2one-Schülerin.

Link → LCD LIGA-iPad (Teams)

 

  • All-in-one Guide – Dësen All-in-one Guide vereent sämtlech Informatiounen an Tutorials vum LCD op ee Bléck. Download iech en a maacht en z.B. an der Bücher App op ärem iPad op. Dann kommt dir per pinch-to-zoom un déi eenzel Informatiounen.

Link → LCD iPad All-in-one Guide

 

News:

19.04.2020 (Sonnden)

“Schoul Doheem” @LCD

3 Wochen “Schoul doheem” an 2 Wochen “Ouschtervakanz doheem” leien elo hannert eis. Op dëser Plaz wollten mir iech dobaussen e puer Beispiller weisen, wat “Schoul doheem” am LCD iwerhapt bedeit. Et muss allerdéngs direkt gesot ginn, dat et schwiereg war aus där Hellewull u gudden Aarbechten der just e puer auszewielen. Dofir: sidd alleguerten stolz op dat, wat dir bis heihinner geleescht hutt! Mir sinn et och 🙂

 

  • Musek doheem: Eist Museksdépartement huet den “Cup Song” opgeholl. Wann d’COVID-19-Situatioun bis emol riwwer ass, gëtt dat Ganzt och Live opgefouert. Mir freeën eis drop!

 

 

  • Sport doheem: Eist Sportsdépartement vum LCD huet e super Youtube Kanal ageriicht, wou d’SchülerinnenWorkouts doheem” vun eisen engagéierten Enseignanten virgefouert kréien. E besonneg flotten Video fannt dir hei: Sports Département vum LCD

 

  • Geschicht doheem: Eist Geschichtsdépartement huet e puer flott Aufgabe vu Schülerinnen virzeweisen:
  1. Sophie Feller, 5C06 – Die Fugger

   

2. Dzana Hasanovic & Parmida Parvaneh, 3CEF06 – Conditions de travail (Industrialisation)

3. Jill Kaiser & Jana Huremovic, 7C02 – Zeitreisetagebücher:

 

  • D’Erasmus Plus Schülerinnen vum Projet “2BSafe” schécken hieren Kolleeginnen aus den aaneren Länner e schéine Bonjour vun doheem:

 

 

1.04.2020 (Mëttwoch)

  • LCD Tutorials & Hëllefsmaterial puncto Télé-apprentissage

An der Lëscht op der rietser Säit fannt dir eis Tutorials an aanert Hëllefsmaterial, dat am Kader vum Télé-apprentissage entstaan sinn. Mellt iech emmer gären per Mail op one2one@lcd.lu, besicht eis an eisem LCD HELP!desk Teams oder kuckt op eisem IT4T SharePoint eran.

 

23.03. (Méinden)

  • Video Tutorial “How to make a tutorial with a Mac using Quicktime & iMovie” (vum Jean-Roland Lamy-au-Rousseau, LCD)

Link → https://youtu.be/UzT9NtE7s1I

 

21.03. (Samsden)

Op dësem Site vum Ministère fannt dir fachspezifëscht AarbechtsmaterialTutorials an “Challenges”. De Répertoire gëtt permanent erweidert. Et lount sech deemno een Bookmark ze setzen an deeglech kucken ze goen.

 

19.03. (Donnëschden)

  • Schaffen um Mac > Workflow Optiméieren mat Smart Folders

Den Télé-apprentissage bréngt mat sech, dat een méi Zäit beim Computer verbréngt. Fir déi Zäit sou produktiv wéi méiglech ze notzen, gëtt et verschidden Tools/Apps/Workflows, déi engem dat alldeeglecht Schaffen vereinfachen.

Als éischt an enger Serie stellen mir iech haut d’Smart Folders (MacOS) vir:

Link → Tutorial: Smart Folders (MacOS)

 

 

18.03. (Mëttwoch)

  • EDUC’arte – arte Video-Sammlung online mat villen zousätzlechen Funktiounen (Sprochen: F, D, E, …)

Den Site EDUC’arte ass iwwert folgenden Link fir all letzebuerger Enseignant a vollem Emfang accessibel:

Link → EDUC’arte (via education.lu Portal)

Loggt iech einfach mat ären IAM Donnéen an.

Hei fannt dir nach een Rapport vun der EDUC’arte Formation Continue vun eisem IT4T-SharePoint:

Link → Rapport Formation Continue EDUC’arte

 

  • Powerpoint Präsentatioun ophuelen a verdeelen (Tutorial) / Lënster Lycée Helpdesk (Teams)

Hei fannt dir een Link op een Video-Tutorial vum Ben Kasel (ALR). Hien beschreift wéi een eng Powerpoint Präsentatioun ophuelen an u seng Schüler verdeelen kann.

Des weideren ass hei och de Link op den Teams vum Lënster Lycée Helpdesk, wou de Video original gepost gouf.

Link → Powerpoint Recording Tutorial (Ben Kasel, ALR)

Link → Lënster Lycée Helpdesk (Teams)

 

17.03. (Dënsden)

  • Survival-Guide für (plötzliche) eTeacher

(clickt d’Affiche un fir d’Original ze gesinn)

Eng intressant a nëtzlech Affiche, fir jiddereen deen iwwernuecht huet missen eTeacher ginn.

 

  • Projet Voltaire gratuit

« LE PROJET VOLTAIRE OFFRE SA FORMATION EN LIGNE EN ORTHOGRAPHE À TOUS LES ÉTABLISSEMENTS D’ENSEIGNEMENT

Acteur engagé de la EdTech française, le Projet Voltaire, no 1 de la remise à niveau en orthographe, met gratuitement à la disposition des enseignants du primaire, du secondaire et du supérieur l’ensemble de ses modules d’entraînement en ligne en orthographe et grammaire pendant la période de fermeture des établissements. (…) »

D’Projet Voltaire App fannt dir um ‘Second Screen’ vun ärem one2one / IT4T iPad, am ‘FRANC’-Fichier.

Link → Projet Voltaire (continuité pédagogique à distance)

 

  • Zousätzlech Showbie Pro Lizenzen

Mir kruten frëndlecherweis nach fënnef zousätzlech Showbie-Lizenzen vun Showbie zur Verfügung gestallt. Mellt iech op one2one@lcd.lu, dann transféréieren mir iech är Lizenz.

 

  • SCRATCH télé-apprentissage

Hei eng Anleitung fir SCRATCH Projeten am Kader vum 5G Informatik Cours vun doheem aus mat sengem Enseignant ze deelen.

Link → télé-apprentissage SCRATCH (Tutorial)

 

16.03. (Méinden)

  • App icons (fir Aarbechtsblieder)

Hei kënnt dir eng Datei eroflueden mat ‘App icons‘, déi dir an är Arbechtsblieder kënnt abauen. Op déi Manéier gesinn d’Schüler op den éischte Bléck, wéieng App genotzt soll ginn a wat ze maachen ass. Des App icons lossen sech entweder mat QR-Codes combinéieren oder awer mat Uleedungen, wéi d’Schüler virgoen sollen. Dat Ganzt soll den télé-apprentissage zousätzlech vereinfachen andeems Klorheet entsteet. An der Datei fannt dir Beispiller, wéi dat kann ausgesinn.

Mir bidden iech zwou verschidden Versiounen:

1. *.pages-Dokument: komplett éditéierbar. D’icons kommen ‘grouped’, d.h. dir musst/kënnt se sou manipuléieren, wéi dir se grad braucht.

Link → LCD iPad App Icons (*.pages)

2. *.pdf-Dokument: Hei kënnt dir Screenshots vun den App icons maachen (Mac: shift-alt-4) a se an är Dokumenter afügen. D’Flexibilitéit vun der *.pages-Versioun geet zwar verluer, ma et kann een wuel trotzdem domadder schaffen.

Link → LCD iPad App Icons (*.pdf)

 

  • Affiche LCD HELP!desk – Enseignant (Print at home)

Des Affiche kënnt dir iech eroflueden, rausprinten an ophänken. Dann hudd dir emmer direkt déi wichteg Links parat. Nierft dëser Enseignant Versioun gëtt et och nach d’Elteren/Schüler-Versioun. Déi ass hei ze fannen.

Link → Affiche LCD HELPdesk – p. Enseignant (print at home)

 

  • LCD HELP!desk Teams

Iwwert folgenden Link kommt dir an eisen Teams HELP!desk, wou méi détailléiert Informatiounen ze fannen sinn.

Link → LCD HELP!desk (Teams)

 

15.03. (Sonnden):

  • STOP!-Liga

Sämtlech Schüler, déi an der STOP!-Liga waren, goufen aus aktuellem Ulass an hier ursprünglech Ligen zeréckgesat.

 

  • Reminder

Zéckt net bei Problemer/Froen/Remarquen den LCD one2one Helpdesk ( one2one@lcd.lu ) ze kontaktéieren. Falls dir intressant Links puncto télé-apprentissage hutt, dann kënnt dir eis déi gären weiderleeden oder selwer um IT4T-SharePoint als ‘News’ posten. Wann dir nach keen accès als Admin op den IT4T-SharePoint hutt, dann soot eis bescheed – mir schalten iech dann fräi.

 

  • Showbie Pro

Mir hunn nach ‘Pro’-Lizenzen fir Showbie (incl. Socrative) ze verginn. Mellt iech op one2one@lcd.lu wann dir eng wéilt hunn.

Link → Showbie Distance Learning Ressources

Link → Socrative Distance Learning Ressources

 

14.03. (Samsden):

  • Facetime/iMessage

All one2one (Schüler*innen) an IT4T (Enseignanten) iPads hunn am Kader vum Télé-apprentissage Facetime an iMessage fräigeschalt. Dëst soll awer och dozou bäidroen, dat d’Schüler*innen besser a Kontakt mat hieren Grousselteren trieden kënnen.

Fir Facetime op ären one2one resp. IT4T ze kënnen, musst dir ärem Gespréichspartner just är managed appleid uginn, fir dat dir ugeruff kënnt kréien:

one2one: IAM@appleid.school.lu

IT4T: IAM@appleid.school.lu

Fir ären Gespréichspartner unzeruffen, musst dir einfach déi Email-Adress kontaktéieren, ob déi de Facetime bei demjéinegen agestallt ass.

 

  • IAM Username & Passwuert (fir sech op office.com anzeloggen)

Äeren IAM-Username ass no folgendem Muster opgebaut:

Bsp.: Tim Müller

MulTi123

d.h. d’Ufanksbuchstawen vun ärem Familiennumm (ouni Umlaut: ä, é, etc.) an Virnumm + dräi Zuelen (hei als Beispill ‘123’).

Falls dir ärt IAM-Passwuert net méi sollt wëssen, dann kuckt iech folgenden Erklär-Video un:

https://www.youtube.com/watch?v=NUgmTDlEoM8

 

  • Groupe Hachette → gratis digital Bicher online!

Ennert folgendem Link fannt dir alleguerten d’digital Bicher vum Groupe Hachette (Hatier, Hachette Education, Istra, Foucher et Didier) gratis online:

http://mesmanuels.fr/alamaison

Dësen Link ass als Webclip op ären one2one an IT4T-iPads ze fannen (Second Screen > Digital Books > Hachette).

 

***

Les nouvelles technologies font partie intégrante de notre quotidien et de nombreux domaines de notre société ne pourraient tout simplement plus fonctionner sans elles. Alors que certains adultes considèrent ces nouvelles technologies comme fastidieuses, nos élèves ne peuvent tout simplement pas s’imaginer un monde sans ordinateur ou smartphone. Pour eux, la tablette, le smartphone et l’Internet ne sont pas difficiles à manier, mais sont des outils indispensables. Toutefois, ces nouvelles technologies ont pour les jeunes avant tout une fonction communicative et ludique et il revient donc aux parents et aux enseignants d’initier les élèves à une utilisation réfléchie et responsable des nouvelles technologies et de développer leurs compétences nécessaires en technologies de l’information et de la communication afin de les préparer au mieux aux exigences du marché du travail.

Les classes iPad au LCD

Avec le but d’être un lieu d’apprentissages et d’innovation pédagogique, le Lycée classique de Diekirch soutient depuis de nombreuses années déjà l’intégration des nouvelles technologies dans son enseignement. Ainsi, chaque salle de classe est équipée d’un projecteur et de haut-parleurs.

Plusieurs salles de classe – parmi lesquelles les classes iPad et les salles spéciales – sont équipées d’Apple TV qui permet une communication sans câbles entre l’iPad et le projecteur. En outre, les enseignants ont la possibilité d’emprunter des ordinateurs portables, des visualiseurs ou encore de se rendre avec leurs élèves dans des salles informatiques, équipées de 24 ordinateurs fixes. En outre, dans chaque bâtiment, au moins un coffret avec des iPad est accessible pour toutes les classes.

Depuis septembre 2015, le Lycée classique de Diekirch propose à ses élèves de s’inscrire dans des classes iPad. En 2019/2020, l’offre a été élargie et le LCD compte plusieurs classes iPad:

  • à l’Ancien Bâtiment: 3CE, 2CE et 5C06 ;
  • au Nouveau Bâtiment: deux classes de 7C, 2 classes de 6C, toutes les classes de 7G, 1 classe de 6G et de 5G
  • aux bâtiments de Mersch et Beringen: toutes les classes de 7G

Dans ces classes iPad, les élèves utilisent aussi bien les outils traditionnels (stylo, manuel, cahier, …) que « leur » tablette électronique munie d’un clavier et d’un stylet. Depuis le début, le Lycée classique de Diekirch a opté pour la one2one qui implique que chaque élève utilise la tablette électronique financée par ses parents. Cette solution a l’avantage que l’élève peut utiliser sa tablette aussi bien pendant les cours qu’à domicile.