Am Kader vum internationalen Dag vun de Kannerrechter organiséiert d’UNICEF all Joers ee groussen Aktiounsdag fir op d’Kannerrechter opmierksam ze maachen. Och dëst Joer huet den LCD mat enger symbolescher Aktioun matgemaach. D’Optioun “Solidarité” huet all Schülerin a Schüler dozou opgeruff op ee Post-it säi Wonsch a Bezuch zu de Kannerrechter opzeschreiwen. D‘Post-iten sinn esou op d‘Mauer gepecht, dass si all zesummen eng Friddensdauf duerstellen.