Um Mëttwochowend hunn dräi Schülerinne vun eisem TSM Projet an de MUDAM agelueden op eng speziell Jeune Mediateur Soirée. Hei hu si hiren Elteren eng Visite guidée duerch d’Fotosausstellung “Figures sensibles” gemaach, a mat groussem Wëssen a Selbstbewosstsinn geglänzt.

Net nëmmen d’Famille waren houfreg a begeeschtert, mee och d’ Carole Schmit wat de Projet koordinéiert huet.