Fir d’Weltausstellung zu Dubai gouf de « roude Léiw » als Nationalsymbol vun 179 Schüler aus 4 Klassen aus dem Fondamental a 5 Lycéesklasse – dorënner och 2CE07 aus dem LCD – nei interpretéiert.

D’Expo « Roude Léiw – Esou gesi mir Lëtzebuerg », an der Konschtgalerie vun Artichok Worldwide op Nummer 43 an der Grand-Rue, weist d’Aarbechte vun de Schüler zu dësem Projet-Concours. Déi Schüler déi d’Motiv am representativsten a kreatiivsten ëmgesat hunn an dee Schüler mat deem sengem Motiv laut Jury déi beschte Posch entworf huet gewanne jeeweils eng Rees op d’Weltausstellung op Dubai.

Aus deene lo nach 179 Toile, gi bis Fréijoer 2020 Posche gebitzt a Schale gedréckt. Eng Selektioun vu Poschen a Schale ginn op der Weltexpo an engem Deel vum Lëtzebuerger Pavillon ausgestallt. Des weidere lancéiert Clausel mat 6 zeréckbehale Motiver eng limitéiert Serie un Béchsen an Post dréckt Timberen.

Am Fréijoer 2020 dierfe mir eis dann op de Vernissage an d’Expo vun de fäerdege Posche freeën iert se duerno weider op d’Weltausstellung ginn.