De Méindeg 8 Juli war et esou wäit, d’Departementer vun der Biologie, der Chimie an der Physik hunn zesummen en Science-Quiz fir eis 120 Septièmes Schüler op d’Been gesat.

An zwou Show’en vu jeeweils eng an enger hallwer Stonn konnten d’Septimaner hiert Wëssen iwwert Phänomener aus dem Alldag weisen.

Si hunn an zweer Teame bei 18 Froe missen e Choix tëscht 4 méiglechen Äntwerten treffen, hire Choix hunn se iwwert e QR Code gewisen, den dann agescannt gouf.

Ze gewanne gouf et Kinosticketen an, als Haaptpräis, en Täschenmikroskop.

Mir konnten am éischte Grupp dem Yannis Rob an dem Ben Reuter vun der 7C03, an am zweete Grupp dem Nolwen Braun an dem Lara Seyler Schmit vun der 7C04, zu dësem Präis gratuléieren.

Duerch d’Show geleed goufe sie vun eise Wëssenschaftlern Halsdorf Annick,Dan Pick a Frank Thillen. Héichpunkt war den Gaaschtoptrëtt vun eisem Direkter, dem Här Kramer, de keng kal Féiss krut….just kal Fanger nodeems hien déi an de flëssegen Stéckstoff gezappt hat…natirlech war en Trick dobäi an hien huet d’Show onbeschued iwwerstanen.