Den 23. Oktober ware sechs Schüler aus eisem TSM Projet (Talents, Skills and More) op Klierf an d’ Family of Man.

D’Schüler konnten hei déi faszinant Aarbecht vum lëtzebuerger Fotograf Edward Steichen bewonneren an all déi anerer Fotografe kenneléieren, déi hie fir dës Ausstellung verflicht huet.

D’Ausstellung huet eise Schüler d’Méiglechkeet gebueden ënnerschiddlechst Sujeten an der Fotografie ze gesinn, déi si sécherlech fir hier eege fotografesch Projeten am Kader vum TSM inspiréieren.