Amplaz sech selwer Salairen auszebezuelen, hunn d’Schüler an d’Schülerinne vun der Mini-Entreprise MERAKI vum lëschte Schouljoer den Erléis vum Verkaf vun T-Shirten an Hoodien un d’Fondatioun Een Häerz fir kriibskrank Kanner gespent.

All Respekt fir dëse generéise Geste.