Den Donneschdeg, de 26. Oktober 2023, hunn sech ronn 120 Schüler a Schülerinnen aus den ënnerschiddlechste Lycéeën aus Lëtzebuerg mam Bus op de Wee a Pole gemaach, fir un der pedagogescher Gedenkfahrt, déi all Joers vun Témoins de la 2e Génération organiséiert gëtt, deelzehuelen. Zil vun der Associatioun ass et, Intoleranz, Rassismus a Friemefeindlechkeet ze bekämpfen.

Ënnert den am ganzen 150 Persoune waren och 5 Schülerinnen, 1 Schüler an zwou Begleederinnen aus dem LCD

Um Programm vu Samschdes a Sonndes stoungen ënner anerem d’Visitt vun Auschwitz I (dem Stammlager) an Auschwitz II (Birkenau). Nomëttes konnten sech d’Schüler a Schülerinnen esou wéi hir Begleeder a verschidden interessante Workshops mat hiren Erliefnisser vum Dag ausernee setzen a sech zu Theme wéi dem Judaismus informéieren oder och u weidere Visitten zu Oświęcim deelhuelen. 

Är si sech Méindes Owes nees op de laange Wee heem gemaach hunn, hat de Grupp d’Méiglechkeet, sech Krakau unzekucken.

Et war fir jiddereen ee ganz interessanten a léierräichen Ausfluch, androcksvoll an traureg zugläich, dee kee vun de Participanten esou schnell vergiesse wäert.