De 14. Dezember 2023 war e Grupp vu 37 Schülerinnen a Schüler (vu 7e bis 2e) am Kader vun LCD Experience an de WDR op Köln.
Hei konnten d’Schüler u Radio- a Fernsee-Workshops deelhuelen an hir Mediekompetenzen erweideren. D’Schüler vun all Alter hunn sech super géigesäiteg ënnerstëtzt an als Team zesumme geschafft fir jeeweils een Audio- a Videomagazin ze produzéieren.

Schonn zwee Deeg virdrun, den 11. Dezember 2023, hunn d’Student*inne vum 1. Joer vum BTS Media Writing an d’Schüler*innen vum 3e Cours complémentaire Communication et médias och e Bléck hannert d’Kulisse vum WDR dierfe werfen.