70 Schüler vun de 6e-Klassen ware vum 22. bis den 29. Mäerz 2024 op den traditionelle Schistage, deen den LCD all Joers zu Obertauern organiséiert. Si haten all vill Freed an hu vill bäigeléiert, net nëmmen um sportlechen Niveau, mee och um sozialen an a Punkto Teamgeescht. D‘Vicky Armstrong, d‘Carine Bentz, de Kim Fréderick, d‘Annick Halsdorf, de Claude Hansen, de Marc Jung, d‘ Françoise Reiles, d‘Tonia Reiles, de Sven Schmal an de Jean-Luc Thill hu si begleet.