Den éischte Workshop mam Charlotte Reuter a mam Tanja Muller aus der Bibliothéik am Neie Gebai fir de World Book Day am Kader vum Projet d’établissement LCD Experience an war e groussen Erfolleg!

D’Schüler ware begeeschtert vun der Aktivitéit. Si hunn net nëmme verschidden Zorte vu Poesie kennegeléiert, mee och selwer produzéiert. E besonneschen Highlight waren déi sougenannten “Black Out Poems”, wou d’Schüler Texter erausgesicht hunn, fir nees nei Gedichter ze schafen. Dës Kreativtechnik huet e groussen Impakt op déi kreativ Entwécklung vun de Schüler gehat. Duerch dëse Workshop hunn si och d’Chance gehat, hir kreativ Fäegkeeten ze entwéckelen an unzehuelen. Aner Zorte vu Poesie, déi mir erfuerscht hunn, waren zum Beispill “Haïkus”, “Sonnetten” an “Freestyle Poetry”. Dëse Workshop war net nëmmen educativ, mee och inspiréierend fir all déi matgemaach hunn.