Am Kader vum World Book Day huet de Projet d’établissement LCD Experience mam Tanja Müller a Charlotte Reuter ee Poetry Smackdown Concours organiséiert.

Vun iwwer 50 Gedichter huet eis Jury, Yanko Eschenauer (LCD Schülercomité), Dr. Maria Jerez (professeure de communication scientifique à l’université de Luxembourg), Jeff Schinker (Lëtzebuerger Auteur),

Marc Weydert (Lëtzebuerger Auteur, Ancien LCD), Sally Weyland (Lëtzebuerger Auteurin, Enseignante LTPES) a Marie-Rose Wirtz (Ancienne Enseignante LCD), d’Gewënner musse raussichen.

De 16. Mee war d’Präisiwwerreechung am Neie Gebai, wou eis houfreg Gewënner gefeiert gi sinn!

  1. Plaz: ‘Le style’ Shaimaa Ahmad (ACCU01)
  2. Plaz: ‘Les saveurs de la Syrie’ Omar Al Omar (ACCU01) & ‘Lost in translation’ Temiluwa Oke (6C03)
  3. Plaz: ‘Tiere im Wald’ Lisa Steinbach (6CL02)

All d’Gedichter, déi matgemaach hunn, hänken am Hall vum neie Gebai!